Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

03.04.2014

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

An d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Claude FRITZ

Regie : Jacqueline POSING-VAN DYCK

Dekoren : Jeanny KRATOCHWIL

Musik : Michel ZECHES

Et spillen : Danielle WENNER, Claude FRITZ, Marcel HAMILIUS a Patrick KAYSER

Um Owend vun Silvester ginn dräi Männer op engem Policebüro festgehal. Deen éischte well en ze vill gedronk huet, deen zweete well en an engem ëffentleche Lokal gefëmmt huet, an deen drëtte well en ze séier gefuer ass. Abeemol taucht eng Affekotin op déi hinnen d’office zougedeelt gouf fir se op dem 31. Dezember ze verdeedegen.  

Den Auteur behandelt mat vill Humor d’Thema vum iwwerdriwwenen Alkoholkonsum, vun der notorescher Loscht op d’Zigarett, an der Freed um ze séier Fuere fir sech ze beweisen. Hie gräift anengems de Problem vum “Alles verbidden”  op a wou et histeiert wann abeemol näischt méi erlaabt ass a mer fir eis alldeeglech kleng Schwächten ëmmer méi streng bestrooft ginn. 

De Philippe LELLOUCHE bréngt et fäerdeg säi Publikum virwëtzeg ze maachen, en an Otem ze halen, an en ze iwwerrasche bis zur Opléisung. D’Situatiounskomik, d’Pertinenz vun den Iwwerleeungen, déi witzeg Dialogen an de Charme vun de véier bekannten Akteure vum Ensembel DenTheater.lu maachen datt een e flotten an amüsanten Owend verbréngt. 

D’Stéck hat zu Paräis e formidabele Succès a steet ëmmer rëm am Frankräich um Programm vun den Theateren.