Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

28.02.2014

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Carlo Hartmann: Den Holzknuet, e Schräinermeeschter aus der Staat  

Gaby Boever: D'Nannéi, séng Duechter

Marc Dostert: Den Haréi, e Schräinergesell, dem Nannéi säin heemleche Freier

Yannchen Hoffmann: De Koséng Ficelle, ee verréckte Weltenbummler

Louis Specogna: De Koséng Klabis, ee van douawwen, deen op d'Kiermes invitéiert ass

Manfred Logeling: De Koséng Schläifsteen, ee Miseler, ass och op d'Kiermes geruff

Martine Tolksdorf: D'Kusinn Laangfësch, eng onbestuedte Joffer, mat 3 Kanner

Vanessa Specogna: De Réckes, der Kusinn Laangfësch hiren Eelsten

Joëlle Müller: De Beenes, Kusinn Laangfësch hiren Zweeten 

Gisela Bitdinger: De Pittchen, Der Kusinn Laangfësch hire Jéngsten

Momo: De Miff, Der Kusinn Laangfësch hiire Mippchen

Romain Welter: Den Doktä Peffäkär, e verkuerbelte Kreeschhary, matt Musék an der Box

Text a Musék vum Dicks. Zousätzlech Muséken vum G. Rossini, V. Scotto an nach aaneren.

Text a Muséksbeaarbechtung .....................................Carlo Hartmann

Souffleuse.....................................................................Ely Bernard

Beliichtung an Tountechnik...........................................Arsène Kettmann

Regieassistenz & Script.................................................Joëlle Müller

Kostümer, Astudéierung, mus. Arrangementer.............Yannchen Hoffmann

Bühnebild, mus. Arrangementer, Inszeenéierung.........Carlo Hartmann

Et ass Kiermessamschdeg an der Staat. Beim Schräinermeeschter HOLZKNUET gi verschidde Kosengen als Kiermesgäscht erwaart. Den Holzknuet steet sech nämlech finanziell net sou gutt a géif gär seng schéin Duechter NANNÉI  "un de Mann bréngen". 

Säi Schräinergesell, deen e neierdéngs agestallt huet, ass a Wierklechkeet dem Nannéi säi verflossene Frënd, den HARÈI, ausgerechent deem Noper säi Jong, mat deem den Holzknuet am Clinch läit. Den Haréi huet sech als "Houdäitschen" ausginn, a kann esou - vum Schräinermeeschter onerkannt - bei Holzknuets am Haus seng Spiichten dréien.....

Well, wéi hie gewuer gëtt ween alles op d'Kiermes invitéiert gouf, verkleet hie sech noeneen als déi Kosengen, déi grad ukomme sollen.

Eng typesch Verwiesslungscomédie aus der Zäit déi och haut nach ee Risespaass fir Jonk an Aal garantéiert.