Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

24.05.2014

19h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 18h30

Prévente / Vorverkauf

10 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

10 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Text & Mise en Scène : Anne Simon a Kim Jeitz

Mat dobaï sin:

Alina Noll - Angie Schroeder - Carine Kerschen - Cathy Girardin - Christine Guirsch - Djuna Bernard - François Venturini - Georges Krombach - Henri Schreiner - Julien Konsbruck - Kuno Merenz - Lara Schneider - Leonardo Kahn - Lynn Graf - Marc Jentges - Michelle Kahn- Ridge Rajaonah

Bis elo huet et ëmmer geheescht de Sir Baden Powell hätt d’Scoute gegrënnt. Mä wat wier, wann dat alles vill méi verhext wier?

Viru laanger, laanger Zäit, huet an engem klengen Duerf de Poli gewunnt. Leider war de Poli dat eenzegt Kand am Duerf an hat keen anere fir mat him ze spillen, an de Bësch op grouss Aventuren ze goen, oder Spiichten ze dreiwen. De klenge Poli huet sech de ganzen Dag esou gelangweilt, dass en enges Moies, wéi seng Mamm amgaange war mat Kachen, hier de Bräiläffel geklaut huet an deem zwee Aen, e Mond, eng Nues an e puer Ouere gemoolt huet, fir wéinstens ee Spillkomerod ze hunn. Och wann deen (bis elo op alle Fall emol) stomm wor...

Duerch en zauberartegen Zoufall (dee natierlech eréischt op der Veillée selwer opgekläert gëtt) taucht - mat vill Tamtam an enger riseger Sauerei an der literweis Ravioliszooss mat verwéckelt  sinn - dem Poli säin zukünftege Kolleg a Matbegrënner vun de Scouten op.
Zesummen erliewen si di phantasteschst Aventuren, begéinen enger verhexte Ravioli, a mussen zu gudder Lescht nach de Superscout sichen. Op se deen awer je wäerte fannen... Vläit mat ganz vill Hëllef vun anere Scouten an Net-Scouten.

Free Dech op en Owend voller Witz a Fantasie.