opderschmelz - Agenda / Wou ginn Elteren nuets hin

en Lauschtersteck by openscreen

22/10/2017 - 17:00:00

En Lauschtersteck baséiert op engem Text vum Claudine Muno

Ab 13 Joer!

Loosst Iech an den Setz falen a lauschtert no.

"Ech gesi wéi meng Mamm d’viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet. Si geet fir d’éischt eraus an da kënnt mäi Papp hir no, éier si d’Dier hannert sech zouzéien. An dann - dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt - héieren ech wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréint. "

Mir huelen Iech mat op eng AudioRees duerch déi eng Nuecht, jo, genau déi, wou d'Elteren fort ginn.   

Sidd ganz Ouer, lauschtert d’Geschicht, verfollegt di sensibel Inzenéierung déi Live virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn.

Réalisation ©2017