Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

19.10.2019

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

15 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

D‘Big Band Memory ass de 14. Abrëll 2000 gegrënnt ginn, wéi d’ Music-Band S.P.G.L. (d’ BigBand vun der Gendarmerie), sech duerch Fusioun mat der Police opgeléist huet.

Säit dem Joer 2010, steet des Band elo ënnert der musikalescher Leedung vum Romain Ries, deen och d’ Iddi hat zesummen mat den leit vum Comité, ënnert der Leedung vum President Jeannot Dresch, e Concert fir d’ Fondatioun Kräizbierg ze ginn.

D’ Band besteet aus ongeféier 20 Museker, die sech et zum Ziel gesat hunn, klassesch a bekannt Big Band Musek vir ze droen.
De Concert fënnt den 19. Oktober am Centre Culturel Régional (CCR) “opderschmelz” zu Diddeleng statt. D’ Gemeng Diddeleng an den CCR ënnerstëtzen domat eis Fondatioun an der Realiséierung vun engem hoffentlech flotten Owend.

D’ Oweskeess ass um 19h00. De Concert geet um 20h00 un an dauert 2 mol 45 Minutten mat enger Paus vun enger halwer Stonn.

Där kënnt är Ticketen vir bestellen per mail op ateliers@kraizbierg.lu, an se an der Oweskeess ewech huelen. Präis vum Ticket: 15 €

Mär freeën eis op ären Besuch, mat deem der hëlleft eis Fondatioun an hier Wierker ze ënnerstëtzen!