Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

04.12.2010

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h30

Koméidéistéck an engem Akt Text a Musek vum DICKS Mise en scène : Carlo Hartmann / Kostümer : Yannchen Hoffmann Den Tourneetheater „OPÉRA du TROTTOIR a.s.b.l.“ präsentéiert dat wuel bekanntste „Koméidéistéck“ aus der Fieder vum grousse lëtzebuerger „Hexemeeschter“ DICKS, an enger sprëtzeger Inszenéierung vum Carlo Hartmann. Den 11. November 1855 fir d’éischt zu Lëtzebuerg opgeféiert – also eng vun den éischten Operetten iwwerhaapt – ass d’Stéck nët nëmmen engphantastesch Etude vun der deemoleger Gesellschaft, mee d’Beschreiwunge vun den typesch lëtzebuerger Charaktereegeschafte stëmme bis haut. „Ech sinn e groussen Hexemeeschter“, „Du brauchs mer naischt ze schwieren“, an “Et wor emol ee Kanonéier“ sinn déi wuel bekannste Stécker vun onsem Musiktheater. D’Stéck spillt am Joer 1750 zu Clausen, zu enger Zäit wou déi Éisterräichesch Niederlanden – zu deene Lëtzebuerg deemols gehéiert huet – vun den Éisterräicher besat woren. D’ Mumm Séis, eng gottgleeweg, ängschtlech Fra aus Clausen, erzitt, nieft hirem schwéiere Beruff als Wäschfra, och nach hir jonk Niess d’Kettéi. Ee landbekannten „Hobby-Exorzist“, den Hexentommes, probéiert déi al Fra duerch Hokuspokus a Geeschterbeschwierungen derzou ze bréngen, sech mat him ze bestueden, fir op déi Manéier un hiert Verméigen ze kommen. De Noper Sprochmates, den ufanks nach un der Intrige bedeelegt war, wiesselt am Laf vum Owend d’Säit. Ënner der Mathëllef vun der jonker Koppel, dem Kettéi an dem Péiter, leet de Sprochmates um Enn dem Scharlatan Hexentommes d’Handwierk. De Personnage vum Sprochmates gëtt vum Annette Schlechter kreéiert. D’Titelroll an de Scharlatan verkierperen de Carlo Hartmann an d’Yannchen Hoffmann. Déi jonk Koppel gëtt vum erfrëschende Mady Weber an dem Rokoko-Rapper Al Ginter gespillt. Chouer a Komparserie: Carlo Hartmann d’Mumm Séis Yannchen Hoffmann den Hexenthommes Annette Schlechter de Sprochmates Mady Weber d’Kettéi, der Mumm Séis hier Niess Al Ginter den Péiter, dem Kettéi säi Freier De Cho’er d’Noperschaft