Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

19.03.2011

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h30

Et spillen: Josiane Fritz, Monique Reuter, Denise Ruppert, Fons Ruppert Um Piano: Arthur Henn Op d’Bühn bruecht vum Fons Ruppert Texter: Guy Rewenig, Claude Lamberty, Roland Harsch, Nico Graf, Jay Schiltz, Danielle Igniti, Team Peffermill(ch)en, Kreisler, Nelson, Wecker an anerer Generatioune vu Lëtzebuerger si fest dervunn iwwerzeecht, datt de Wuelstand an der Verfassung steet, an datt mir eng Vollkasko op eise Liewesstandard hunn. Wat heescht fir eis da scho Kris, wann de Benzin méi bëlleg gëtt an de Leetzëns an de Keller fällt? D’Schrottprime huet aus eise Stauë fir an d’Stad dee schéinste Blechdeefilee aus der ganzer Groussregioun gemaach. Mee wat geschitt nom offiziellen Enn vun der Kris? Kënne mir eise Suën et nach zoumudde bei de Steieren ze ennegen. Sinn eis Pensioune wierklech nach garantéiert, obwuel de Mënsch wäit iwwert säi Verfallsdatum eraus lieft? Kann de J.-C. Juncker, deen déi lescht Walen net mat engem optimistesche "Yes I can", mee mat engem motzege "Jo ech muss" gewonnen huet, eis nach retten? E Vollék, dat eng Vullen- an eng Schwéngsgripp iwwerlieft, iwwerlieft och eng Honds- an eng Kazegripp! Mee wat ass, wann et emol net sou gutt ausgeet? Gëtt et e Plang B? A wann net? Wou ass hei den Noutausgang? Doriwwer mécht d’Peffermill(ch)e sech Gedanken an hirem neie Kabarets-programm.