Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

12.07.2012

20h00
opderschmelz

Ouverture des portes à 19h00

D’Cojellico’s Jangen G e s a n g s q u i n t e t t Lëtzebuerger ‚Schlager’ à la Comedian Harmonists D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir am Kader vum Spektakel ‚Schlüpferesch – en Hommage un déi Wëll Zwanzeger Joeren’ am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de Comedian Harmonists ze interpretéieren: Mein kleiner grüner Kaktus, Veronika der Lentz ist da, Das ist die Liebe der Matrosen ... an de Cojellico’s Jang vum Lëtzebuerger Dichter a Revue-Auteur Jean-Pierre Welter alias Theriente. Den Erfolleg, och vum Cojellico’s Jang, de Spaass an d’Freed woren d’Ausléiser fir den Ensemble an d’Musek weider ze entwéckelen. Am léiwste mat Lëtzebuerger Stëmmungslidder a ‚Schlager’ wéi Manyla, D’Lidd vum Kachkéis oder Dem Wirsch seng Wueden, arrangéiert fir de Quintett a säi Pianist. Sou zesoen am Stil vum däitschen Erfollegsgrupp Comedian Harmonists. Stëmmungsvoll, geselleg, usprochsvoll an zougänglech zugläich. 1.Tenouer – Raymond Majerus, 2.Tenouer – Arend Herold, 3.Tenouer – Georges Urwald, Bariton – Carlo Migy, Bass – Jean-Marie Kieffer, Piano – Christophe Nanquette, Gaascht: Yvon Streff www.jangen.lu ****** Serge Tonnar & Legotrip Rock op Lëtzebuergesch Serge Tonnar: Gitar, Gesang Eric Falchero: Tasten, Mandoline, Gitar, Gesang Rom Christnach: Bass, Gesang Misch Feinen: Schlogezei, Gesang Legotrip sinn ennerwee mat “Klasseklon”, enger Scheiw mat Lidder op Lëtzebuergesch aus dem Serge senger Fieder. Musekalesch bewegt sech desen Trip tëscht Chanson, Folk a Rock, d’Texter sinn heinsdo kritesch, heinsdo nostalgesch, meeschtens ironesch an ëmmer éierlech. Mat Singlen wéi "Crémant an der Chamber", "Laksembörg-Sitti" oder "Belsch Plaasch" si Legotrip zanter Méint op den éischte Plaze vun den Charts an de Verkafszuelen zu Lëtzebuerg.