Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

31.03.2017

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Kulturpass

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

Kulturpass

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

mam

Elisabeth Anselin, voix

Elisabet Johannesdottir, voix

Jean Bermes, chant

Nataša Grujovic, accordéon

Renata Van de Weyer, viola

Georges Urwald, piano


Konzept, Musek- an Textauswiel Marc Limpach a Georges Urwald

eng Koproduktioun vum Kasemattentheater mam Zentrum fir politesch Bildung

Besser wéi vill aner historesch Quellen kënne politesch an engagéiert Lidder d'Gefiller vun einfache Mënschen aus dem Vollek hannert den historeschen Evenementer konservéieren an ëmmer erëm frësch ausdrécken: hir Freed, hir Ängscht, hire Stolz, hiren Humor, hir Roserei an hir Trauer. Historesch Lidder erzielen dobäi net just déi offiziell Geschicht vu Lëtzebuerg, mä si erlaben och eng aner Siicht op déi Geschicht: en Abléck an d'Häerzer, d’Gedanken an d'Gewëssen vun den einfache Mënschen. Lidder vun der Strooss an aus Zeitungen a politesche Revuen. Si erzielen sozial a politesch Konflikter an domat, op eng lieweg Manéier, Lëtzebuerger Geschicht vun ënnen.

Déi meescht politesch Lidder si Spottlidder, Kampflidder, a Lidder iwwer a vu Fräiheet an Demokratie. An dësem Programm héiere mer Lidder géint Ënnerdréckung, fir Onofhängegkeet, fräi Meenungsäusserung, Gedankefräiheet, Gläichheet virum Gesetz a sozial Gerechtegkeet. Lidder vun de Revolutiounen vu 1830 an 1848, vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet, iwwert d'Emigratioun an Amerika, Lidder iwwer sozial Mëssstänn, den Antiklerikalismus, Aarbechterlidder, d'Emanzipatioun vun de Fraen, den éischte Weltkrich an d'politesch Reaktioun aus deeër Zäit, den Asaatz géint d'Maulkuerfgesetz a fir d'spuenesch Republik, Lidder géint d'Nazien an aus de KZer, iwwer d'Liberatioun an d'Konsumgesellschaft nom Krich.

Déi Lidder ginn vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen agebett.

Kulturpass wellkomm!