Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

10.02.2017

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h30

Kulturpass

Entrée libre / Freier Eintritt / Free Entry

Kulturpass

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Prévente / Vorverkauf

15 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

20 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Et spillen Danielle Wenner, Pierre Bodry, Claude Faber a Marcel Hamilius

Regie an Dekoren: Claude Fritz

Beliichtung: Jang Krippler

Witzegt Kaméidistéck vum Roland Kalté, deen sech iwwert d’Antenn vun RTL en Numm gemach huet,  mat senger witzeg-ironesch an intelligenter Art a Weis wéi hien eisen Alldaag parodéiert.

Et ginn ëmmer déi eng an déi aner. Mir sinn déi eng, an déi aner, - tjo – dat sinn eben déi aner.

Déi eng sinn déi gutt, déi aner sinn... anescht. Mir gehéieren natierlech zu deenen engen. Gottseidank! Mir, déi – ouni Zweifel gutt Mënschen - a si, déi anescht si wéi mir. Well Schold un allem sinn dach ëmmer déi aner, oder?

Stellt sech d’Fro: Gesinn déi aner dat och esou? Wat hale si vun deenen engen? Oder menge si éieren, si wieren déi eng, a mir wieren déi aner?

Dat kann dach net sinn, oder? Oder si mer déi eng an déi aner?  

4 Strummerten an der Stad an hirer Welt maache sech esou hir Gedanken. Si si déi eng oder déi aner? Leie se falsch, well s’anescht sinn, oder awer vläicht méi richteg wéi déi „normal“ Gesellschaft? Ob een an deem Theaterstéck d’Äntwert fënnt, ass ongewëss, mee t’gëtt een awer bestëmmt op eng lëschteg Aart a Weis e  bëssen un d’Nodenke bruecht. Wann déi eng kucken an déi aner spillen. Oder sinn et déi eng, déi spillen an déi aner, déi kucken?


Kulturpass wellkomm!