Centre Culture Régional
Dudelange opderschmelz

1a rue du centenaire
L-3475 Dudelange

27.10.2023

20h00
opderschmelz - Grand Auditoire

Ouverture des portes à 19h00

Prévente / Vorverkauf

20 € (+ FRAIS/VVK-GEBUHREN)

Caisse du soir /
Abendkasse

25 €

KULTURPASS: Entrée gratuite / Freier eintritt / Free Entry

Dräi lëtzebuergesch Bands an dräimol lëtzebuergesch Texter mat enger fetter Portioun Witz vu Benny and the Bugs, de Krunnemécken an den Horse Blinders.

Den Ufank vum Owend maache Benny and the Bugs. Säit méi wéi 10 Joer begeeschteren si an der Lëtzebuerger Folklor-Zeen. Si spillen zwar net oft live, awer dofir gären. Mat Klassiker wéi zum Beispill "Schéine Bonjour", "Ökotut", "Chance mam Wieder" oder "Sandweiler" hunn si hier ganz eegen Aart a Weis, fir d’Publikum ze begeeschteren a mat anzebannen. 

Duerno sinn et d’Krunnemécken, de Claus an den Eric mat hire Panzpianoen, déi Lëtzebuerger Standarden zum Beschte ginn, Lidder fir ze laachen, fir matzesangen an heiansdo och fir nozedenken.

Headliner vum Owend sinn The Horse Blinders, déi hire CD "An nach ee schéinen Dag" virstellen. D'Horse Blinders sinn de Roger Melcher (Gesank an Harmonika), de Roland Meyer (Gittar a Gesank), de Jacques Bock (um Jatz), de Mulles Scholtes (Gittar) an eng leschte Kéier de Jacques Ruppert, dee seng Bassgei no dësem Owend un de berüümten Nol hänkt.

Si zerwéieren een erfrëschend sprëtzege Mix de Lux vum Allerfeinsten: knallege Pop, säftege Blues an zolitte Rock op Lëtzebuergesch mat witzegen, lëschtegen, satireschen a kabarettisteschen Texter vum Roland Meyer, aus dem Liewe gegraff a vun der Long op Zong!

Dräi Bands déi wësse wat se maachen an déi wëssen, wéi se de Publikum zum Lauschteren, zum Laachen, zum Sangen an zum Danze kréien.